Aktivitéiten
Wat ass lass an der Gellé-Schoul?
Wann ech glifft näischt op dës Säit schreiwen an och keng Biller heihin oplueden, dat hei ass just d'Iwwersiichtssäit. Erstell en neien Artikel andeems de uewen op de Feil nieft "Add" klicks an dann "Add page" auswiels. Merci ;-)
Am Kader vun der Journée du livre et du droit d'auteur 2026 wor an der Bibliothéik vum Cycle 4 eng Aktivitéit zum Thema "Liesen am Däischteren". An der stackdäischterer Bibliothéik hunn d'Kanner a Gruppen a mat Hëllef vun enger Täscheluucht verschidden Aufgaben rondrëm dat Thema an de Bicher geléi...
Dës Woch haten d'Kanner aus dem Cycle 1 d'Chance fir e flott Ouschterspill/Rallye an der Bibliothéik kënnen ze maachen . 6 Aufgaben a 6 Puzzle-Stécker hunn si bei den Hieschen an de "Schatz" geféiert. Merci Linda , fir déi flott Initiative.
Eisen Ouschtermaart de 25.Mäerz war e grousse Succès. Mir hate wéi all Joer nees vun allem gebastelt , Eeër gefierft a gebak.
Mir hunn immens vill verkaf a soen hei e grousse Merci de ville Leit,déi komm si fir eis ze ënnerstëtzen.
Sou kënne mir e schéinen Don maache fir
" eng oppen Hand fir Ma...
De Cycle 4 vum Här Braun huet den 20. Mäerz en Ausfluch an de Süde vum Land gemaach, fir méi iwwer d'Geschicht vun der Eisenindustrie zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn. Lass goung et mat engem Besuch um Héichuewen B zu Esch-Belval. Dono sinn d'Schüler zu Rëmeleng an de Musée National des Mines gaang a ko...
Flotte Moien am Centre Culturel beim "Babar" am Kader vu Catch the Music