C4 - Ausfluch an de Minette

De Cycle 4 vum Här Braun huet den 20. Mäerz en Ausfluch an de Süde vum Land gemaach, fir méi iwwer d'Geschicht vun der Eisenindustrie zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn. Lass goung et mat engem Besuch um Héichuewen B zu Esch-Belval. Dono sinn d'Schüler zu Rëmeleng an de Musée National des Mines gaang a konnten eng spannend Féierung an der Minn maachen.