Den 29. Januar war deen éischte Spillerowend am Cycle 4. Während iwwer 2 Stonne, konnten d'Kanner verschidde Gesellschaftsspiller kenneléieren an zesumme spillen: Vun Escape Games iwwer Logikspiller a kooperative Spiller bis hin zu Klassiker war alles dobäi. Net ze vergiessen "Loup garou". Mat frësch gebakene Paangecher a Schmiere konnten d'Kanner sech stäerken.
Gellé-Schoul Bouneweg