PDS
De Plan de Développement Scolaire (PDS) ass e Plang deen all Grondschoul fir en Zäitraum vu jeweils 3 Joer opstellt, fir sech Zieler fir d'Entwécklung vun der Schoul ze setzen.
Aktuelles zum PDS vun der Gellé-Schoul
PDS News September 2025
PDS News Februar 2025
PDS vun der Gellé-Schoul 2024 - 2027
Objektiver :
1. Förderung vun der motricité générale am Schoualldag
1.1: Natur erliewen, Bewegung a Sensibiliséierung fir de Naturschutz
Aktiounen: Visitë vun den Unesco Geoparken, Projete vum Haus vun der Natur, Bëschprojet Cycle 1, fuerschen dobaussen (fudo.lu), Projetee iwwert den Ëmweltschutz an d’Erhale vun der Ëmwelt → Ëmweltbewosstsinn stäerken
1.2: dem Bewegungsdrang vun de Schüler Rechnung droen and’Gesondheet stäerken
Aktiounen: Organisatioun vun engem Sportsfest mat verschiddenen Disziplinnen wou d’Motricitéit mat Spaass an Teamspiller gefërdert gëtt, regelméisseg Bewegungspausen, den Teamgeescht a Fairplay duerch sportlech Spiller fërderen (intra-cycles Matcher/Spiller), Lasep, Sensibiliséierung iwwert d'Gesondheetsbenefite vum Sport (am Éveil aux sciences thématiséieren), ze Fouss an d’Schoul kommen…
1.3: Entwëcklung vun de motoreschen Fähegkeeten (Fein a Grobmotorik)
Aktiounen: Kinetik Sand, Bewegte Schule, Lafradprojet, Schreibmotorik Intitut e.v., Schreiwschrëft fërderen → „schéin“ schreiwen (Drock- oder Schreifschrëft), kreativ Projeten mat Bastel- a Konschtaktivitéiten ( → Expo zu verschiddenen Themen)
2. Förderung vun Kultur, Respekt an Toleranz an der Schoulgemeinschaft
2.1: Gewaltpräventioun a gewaltfräi Konfliktléisung
Aktiounen: Implementatioun vu Programmer ewéi Lubo, Faustlos…, Etabléieren vu Strukturen wéi Pausenbuddies a Streitschlichtung fir d’Sozialkompetenzen vun de Schüler ze förderen, Implementatioun vu Rollespiller fir de konstruktiven Ëmgang mat Konflikter, Implementatioun vun engem Klassenrat a Kummerkasten als Instrument fir eng konstruktiv Kommunikatioun vu Meenungen a Suergen (foco KIT Krisenteam → Krisenplan an Ausraster: was tun?)
2.2: Wäerter vun Toleranz an Empathie vermëttelen
Aktiounen: erzielen vu Geschichten a Märecher, déi d’Wäerter vun Toleranz, Frëndschaft, Zesummenhalt an Empathie betounen, Wäerter thematiséieren iwwert Geschichten (evtl heiße Dusche…)
2.3: dat geografescht a kulturellt Bewosstsinn förderen an erliewen
Aktiounen: kuerz Referater iwwert ausgewielt Welterben, evtl Ausflig op dës Plazen organiséieren, Visitë vun den Unesco-Sites (Ellergronn, Geopark Mëllerdall, Stad…), animations culurelles et musicales (Philharmonie, Rotondes, Lux film Festival, Conservatoire…), Liichtmëssdag Projet, Kleesschen…
Gellé-Schoul Bouneweg